1monthfree

Déi Fentenger Gesangsveräiner hunn d’Fondatioun Wonschstär ënnerstëtzt

Viru kuerzem hunn déi Fentenger Gesangsveräiner ,Cantabile' a ,les Alouettes’  dee schéine Scheck vu 4000  €  un d'Fondatioun Wonschstär iwwerreecht.

Déi Zomm kënnt aus dem Erléis vum Adventsbazar, dee säit ville Joeren vun deenen zwee Veräiner organiséiert gëtt, woubäi si op d' Hëllef vun enger fläisseger Equipe vu Fentenger Leit ziele kënnen.

No engem kuerzen Réckbléck vun de Veräiner op de Bazar, deen rëm ee grousse Succés war,  hunn zwou Vetriederinnen vun der Fondatioun  méi een detailléierten Abléck an hir wäertvoll Aarbecht ginn .