Dräi Schülerinnen aus der École Privée Sainte-Anne vun Ettelbréck hu vum 19. bis de 25. August 2024 zu Higashikawa (op der Insel Hokkaido a Japan) un engem internationale Fotofestival deelgeholl, dem „International High School Students‘ Photo Festival Exchange“.
Zesumme mat hirer Enseignante, der Madame Joana Marques, hunn d’Alexandra Wagner, d’Fiona Arias an d’Cloé Araujo vun der 4GCM-Klass un engem Concours deelgeholl an déi Fotoen, déi si agereecht haten, si vun engem onofhängege Jury vun der F.L.P.A. bewäert ginn an hu gewonnen.
Ier de Grupp a Japan gereest ass, haten si d’Éier vum japanesche Botschafter zu Lëtzebuerg, dem Här MATSUBARA an der Ambassade empfaangen zeginn. Zu Higashikawa haten si een immens flotten a léierräichen Openthalt asi si mat ville schéinen Erënnerunge rëm zréck op Lëtzebuerg kommen.