Gutt besichte Porte ouverte am Lycée Technique d'Ettelbruck
um weitere Bilder zu sehen.
De 5. Mee stoungen d'Dieren vum Lycée Technique d'Ettelbruck an der Avenue Salentiny grouss op. Vun der Porte Ouverte profitéiert hunn vill Schüler aus dem Fondamental mat hiren Elteren, déi sech am Kader vu ganz perséinlech zougeschniddene Visitten iwwert d'Méiglechkeeten am Lycée an den Encadrement informéiert hunn. Nief dësem grousse Standbee vum LTEtt (classes inférieures, préparation et orientation), hunn awer och déi aner dräi grouss Standbee vum Lycée (Economie, Gestion et Commerce; Sciences, Technologie et Energie souwéi Education, Santé et Social) sech flott presentéiert an d'Proffe mat hire Schüler hunn d'Schüler vun 9e/5e beroden, déi sech iwwert déi verschidde Sektiounen am Lycée informéiere wollten. Op besonneschen Intressi bei de Jonken ass awer déi nei Sektioun Ëmweltwëssenschafte gestouss, déi am Kader vun der Ingenierie-Ausbildung geziilt a praxisorientéiert op déi zukünfteg Erausfuerderungen am Ëmweltberäich virbereet. Och déi zwee Projeten, fir déi de verstuerwene Camille Gira sech agesat huet, dat vun him kierzlech ageweite Waasserrad an den neie PedelecPort, hunn dem Besuch gewisen, datt d'Thema Nohaltegkeet konsequent am Alldag vun der Schoul verankert ass. Den Ettelbrécker Konzept, deen duerch en enken Encadrement, d'Vermëttlung vu Wëssen a Wäerter, virun allem am Beräich Nohaltegkeet, gepräägt ass, souwéi déi villfälteg Offer hu vill Leit iwwerzeegt an deen Dag huet ee vill zefridde Gesichter gesinn.