1monthfree

50.Gebuertsdag vun den Ettelbrécker Theater Frënn

D'Ettelbrécker Theater Frënn (ETF) feieren dëst Joer hire 50.Gebuertsdag. Duerfir hat de Comité vum ETF all seng Memberen, Ex-Memberen a Frënn de 16.Januar op eng Séance Académique an de Foyer vum CAPE agelueden. Ënnert den Eieregäscht och de Kulturminister, den Här Eric Thill an de Schäffen-a Gemengerot vun der Stad Ettelbréck.

D'Presidentin, d'Michèle Turpel, huet de Réckbléck op déi lescht 50 Joer presentéiert, musikalesch begleet vum Stamm-Orchester aus dem ETF senge fréiere Revue'en.

Dem ETF seng Grëndungszäit koum aus dem Scoutismus eraus. Séier ass d'Iddi opkomm een eegestännege Club ze grënnen an déi 1.Opféierung war den 2.Mäerz 1975. Sinn an den éischte Joren Theaterstécker gespillt ginn, esou huet den ETF 1982 seng 1.Revue gewot an ass doduerch wierklech bekannt ginn. Net nëmmen Theater a Revue'en si gespillt ginn, mee och vill Cabaret.

Den ETF huet an deene 50 Joer 18 Theaterstécker, 7 Revue'en, 9 Cabareten op d'Bün bruecht nieft de memorabelen Optrëtter Päischtsamschdeg um Aale Maart zu Ettelbréck.

Ganz houfreg ass den ETF gewiescht mat bekannte Regisseuren, wéi dem Fernand Fox an dem Jemp Schuster konnten zesummenzeschaffen.

Zum Ofschloss vum Owend huet de Roland Gelhausen säin satiresche Réckbléck op 2024 presentéiert.