50 000 Euro Scheck an 2 nei Minibusser fir Inter Actions Nordstad Aktiv+


Ettelbréck: Am Kader vun enger klenger Feier, den 3. Oktober beim Ettelbrécker Stadthaus, huet de Comité vum Club Senior Nordstad, dem neien Träger „Inter-Actions „ gläich 2 nei Minibusser an e Scheck iwert 50 000 Euro, feierlich iwergin. No der Ried vum Jean- Paul Schaaf, Schëffen vun der Gemeng Ettelbréck, den kuurz op d’Wichtigkeet an op d’Entwécklung vum Senioreveräin mat den neng Nordstadtgemengen agaangen ass, war et um Charel Jacoby, als fréieren President vum Comité Club Senior Nordstad an um jetztigen President Roger Faber, un der Spëtzt vun Inter-Actions Norstad+, déi an hiren jeweiligen Rieden den Historik an d’Aktivitéiten vum Nordstad- Senioreveräin kuurz erklärt hun. No méi wi 20 Joer Asatz war et un der Zäit fier de Staff weider ze gin an di aala Associatioun opzeléisen. Den 19. Abrël 1990 war d’Grënung vum „Centre de jour pour seniors Hiirzebierg“. An der ausseruerdentlicher Generalversammlung koum d’Aennerung vum Numm „Foyer Hiirzebierg“ am Objet vun der a.s.b.l. „Club Senior“ dobäi. D‘Reprise Foyer du jour Hiierzebierg duerch den CHNP war den 1. Januar 2007. Den 14. Mäerz 2008 ass den Numm „Club Senior Nordstad „an der ausserordentlicher Generalversammlung, gut geheescht gin. Am Oktober 2022 ass den Numm „Club Senior Nordstad“ an „Inter-Actions duerch „Nordstad Aktiv „ definitif geäannert gin. Zënter dem 1. Januar 2023 ass den neien Gestionnaire elo “ Inter-Actions a.s.b. l.“ Esou wuel Senioren an Seniorinnen ewéi déi politisch Verantwortlich vun den 9 ugeschlossenen Gemengen hun hier Zefriddenheet mat dem Transfert deitlich ënnerstrach. Matarbichter vum Club, bidden Aktivitéiten an all denen 9 Gemengen un a greifen dobei ob eng grouss Palette fir all Senioren zerëck. Bei der offizieller Remise mat engem Patt verbonnen mat enger Reih vu Mercien huet de scheidenden President Charel Jacoby mat enger schéiner Corbeille och villmols Merci gesoot kritt fir séin Asatz an als denen Joeren un der Spëtzt vum fréieren Club Senior Nordstad. (CR) (Foto: Charles Reiser)