3. Nuetsmaart zu Esch-Sauer: E grousse Succès

Den 3. Nuetsmaart, organiséiert vum Comité Hobbynuetsmaart asbl an Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl, war e groussen Erfolleg an huet méi wéi 4000 Visiteuren op Esch-Sauer gezunn. Dëst Evenement, dat den 3.8.2024 vun 16h bis 23h stattfonnt huet, huet méi wéi 80 passionéiert Aussteller zesummebruecht, déi eng Vielfalt vu Konschtwierker an eenzegaartege Kreatiounen ugebueden hunn.

Déi offiziell Ouverture war um 17h, markéiert duerch eng Ried vum Buergermeeschter Laurent Hilger, deen d’Initiativ an den Engagement vun den Organisateuren, dem Comité Hobbynuetsmaart asbl an Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl, gelueft huet.

D’Visiteuren konnten eng flott Atmosphär vum Hobbynuetsmaart genéissen mat Museksanimatioun an enger Foodstreet, déi verschidde kulinaresch Spezialitéiten ugebueden huet. Lokal Veräiner an Nopeschgemengen hunn d’Gedrénks an de Barbecue iwwerholl.

Fotos: HOBBYKL, Ming Cao, Michel Stockmann, Christane Kaell.

Weider Fotoen op www.hobbykl.lu, Fotogalerie