Eis Amicale feiert hiren 25. Anniversaire.



Aus der Generalversammlung vun der „Amicale du Personnel Retraité du Groupe ENCEVO anciennement Amicale du Personnel Retraité de CEGEDEL“

Wéi all Joer, an esou wéi et an de Statute virgesinn ass, war de leschte Mëttwoch am Mäerz, d’Generalversammlung vun eiser Amicale zu Esch am Haaptgebai vun der ENCEVO. De President Georges Bonifas konnt eng 40 Membere begréissen, ënnert hinnen de Claude Seywert als Vertrieder vun der Direktioun vum Groupe Encevo. Entschëllegt huet hien di Hären Marco Hoffmann, Mario Grotz, Jean Lucius, a Gilles Breuer. Weider huet hien den Éierepresident Jos. Reuter an de President vun der Personaldelegatioun, Charel Hutmacher, begréisst.

De President huet der Direktioun Merci gesot fir déi moralesch a finanziell Ënnerstëtzung, déi dëst Joer besonnesch wichteg ass fir eise 25. Anniversaire kënne wierdeg ze feieren. Bei dëser Geleeënheet ass de 7. Juni ee Mëttegiessen am Restaurant Tourelle zu Stadbriedemes wou all eis Memberen invitéiert sinn a vum 20. bis den 22. September maache mir eng Rees mam TGV op Paräis.

E weidere Merci goung un d’Madamm Angela Andrade fir hir administrativ a logistesch Aarbecht fir d’Amicale.

No enger Gedenkminutt fir all déi Memberen déi eis d’lescht Joer verlooss hunn an de Merci un d’Membere vum Comité, huet de President dem Vice-President, Pierre Wilmes, d’Wuert gi fir de Rapport vun der leschter Generalversammlung an de Rapport iwwert d’Aarbechte vum Comité virzedroen, an dono dem Sekretär, Claude Asorne, fir de Rapport iwwert eis Excursiounen a Manifestatiounen am Joer 2017 ze presentéieren.

Am Joer 2017 hate mir zwou Excursiounen vun engem Dag, déi eng op Nanzeg an déi aner op Monschau. Da war och nach eng Visite vun der Brauerei Bouferdeng an der Salaison Meyer um Programm.

Nodeems de Caissier René Reiter a sengem Rapport eng gesond finanziell Situatioun presentéiert hat, huet de Patrick Krein als Vertrieder vun den 3 Keesekontroller dem Caissier Merci gesot fir seng exemplaresch gefouert Kees an der Versammlung proposéiert dem Caissier Decharge ze ginn.

Per Akklamatioun kruten esouwuel de Sekretär wéi de Caissier an de ganze Comité d’Decharge vun der Versammlung.

D’Mandat vun dräi Joer vun den Häre Jos Marx an André Noé goung dëst Joer op en Enn a well si d’Accord ware fir een neit Mandat unzehuelen a keng aner Kandidatur do war, goufen si automatesch erëmgewielt. Deemno besteet elo de Comité aus dëse Leit: Asorne Claude, Bonifas Georges, Gorza Camille, Heusbourg Charel, Hilbert Nico., Marx Jos., Mirkes Nico., Noé André, Reiter René, Staar René, Schumann Jim, Trierweiler Paul a Wilmes Pierre. Derzou gehéieren och den Éierepresident Jos. Reuter an de President vun der Personaldelegatioun, Charel Hutmacher.

Déi Häre Simmer Fernand, Krein Patrick a Faber Roger goufen als Keesekontroller erëmgewielt.

Zum Schluss war et den Alex Michels, Head of Asset Management bei der Creos Lëtzebuerg, deen als groussen Fachmann op deem Gebiet, der Versammlung en Exposé iwwert d’zukünfteg Elektromobilitéit hei am Land, d’Risiken an och d’Opportunitéiten fir de Groupe Encevo, virgedroen huet. No dësem extrem interessanten Exposé goufen vun den Uwiësenden eng ganz Rei Froe gestallt an duerno beim traditionellen Éierewäin, offréiert vun der Direktioun vum Groupe Encevo, konnt de Riëdner nach vill Äntwerten zu dësem héich aktuellen Thema ginn.