Generalversammlung vum Escher Turnveräin ETV 1889

23
Jul
2024
23 Jul

Bei der gutt besichter Generalversammlung, den 15. Juli 2024, konnt de President vum Escher Turnveräin ETV 1889, den Här Ermin Sonnetti, nieft ville Memberen an Trainer och de Sportschäffe vun der Stad Esch, den Här André Zwally begréissen.

No enger Gedenkminutt fir d‘verstuerwe Membere vum Veräin ass de President kuerz op zukünfteg Projeten agaangen, ënner anerem eng nei Homepage fir de Veräin, ier hien d‘Wuert un de Sekretär, den Här Claudio Loi, weider ginn huet.

Den Här Loi huet a sengem Aktivitéitsbericht déi verschidde Sektioune virgestallt: Indoor Futtball, Zumba-Fitness, Zumba-Kids, Zumba-Junior, Tai Chi, Pilates a Yoga. Et sinn d‘Escher Gemeng an den Escher Jongelycée déi dem ETV hir Sportshalen zur Verfügung stellen. De Veräin zielt 130 lizenzéiert Memberen.

De Keessjee vum ETV, den Här Guy Schroeder, konnt der Versammlung e gutt equilibréierte Bilan presentéieren.

Zwee Sportler aus der Sektioun vum Indoor-Foot goufe fir hir laang Memberschaft geéiert a krute vum President e passende Kado als Merci iwwerreecht. Dëst woaren den Här Eric Facchetti fir seng 20 Jore Memberschaft an den Här Gerson Da Silva Santos fir seng 15 Jore Memberschaft am Veräin.

Den Här Zwally huet als Sportschäffen de Responsabelen a Memberen duerfir gratuléiert, dass den ETV, als ee vun den eelsten Escher Veräiner, nach ëmmer esou aktiv ass an dofir, dass dëse Veräin ee vun den eenzege Veräiner zu Esch ass dee méi Fraen a Meedercher lizenzéiert huet wéi Hären. Den André Zwally war och houfreg drop ze erzielen, dass hien als jonke Bouf an der CAG La Fraternelle geturnt huet. Den ETV 1889 ass de Fusiounsveräin tëscht den zwee groussen Escher Turnveräiner „Les Eschois“ an „CAG La Fraternelle“.

De Kommitee setzt sech esou zesummen: Ermin Sonnetti, President; Marc Tremont, Vize-President; Claudio Loi, Sekretär; Guy Schroeder, Keesjee; de Sead Babacic, Fanny Breda a Rémy Sonnetti si Memberen.