D'Sophie an den Äppelkinnek - NEIT KANNERBUCH

Pünktlich fir de Schoulufank stelle mir iech een neit Kannerbuch vir. Den Text gouf geschriwwe vum Plier-Fantini Arlette an illustréiert ass d'Buch vum Sophie Scharfe.

D'Buch ass fir Kanner ab 3 Joer a behandelt folgend Themen: den Hierscht, den Apel, d'Thema Zänn an d'Hëllefsbereetschaft.

D'Sophie entdeckt op engem Spadséiergang d'Schlass vum Äppelkinnek. Wat dem Äppelkinnek säi grousse Problem ass an ob d'Sophie him hëllefe kann, gëss du an dësem Buch gewuer.

D'Buch kënnt dir bestellen iwwer www.lielau.lu oder a verschiddene Bicherbutteker kafen.

Weitere Neuigkeiten von Yves Plier >