Kierzlech huet d’Madame Margot Reeff-Faltz vun Ierpeldeng un der Sauer hir 90 Joer am Krees vun hirer Famill an hire Frënn gefeiert.
Och de Buergermeeschter Claude Gleis a seng zwee Schäffe souwéi Vertrieder vum Syndicat d’Initiative waren derbäi an hunn der Jubilarin hir Gléckwënsch iwwerbruecht. D’Margot ass de 25te Mäerz 1929 zu Ierpeldeng op d’Welt koum, wou si um Bauerenhaff als jéngst vu 4 Kanner, mat hiren Elteren Albert a Beby FALTZ-LUX a Geschwëster hir Kandheet a Jugend verbruecht huet.
Hiren eelste Brudder, den Nicolas gouf zwangsrekrutéiert fir ze vermeiden datt seng Famill ëmgesidelt gouf; hien ass leider net méi aus dem Krich erëmkoum, wat fir déi ganz Famill ee grousst Leed war. Dem Margot seng zwee aner Geschwëster Ferd an Helène sin 2007, respektiv 2018 verstuerwen.
No hirer Primärschoul zu Ierpeldeng ass si wärend a nom Krich op Ettelbréck an d’Haushaltungsschoul gaangen an huet duerno doheem am Bauerebetrib mat geschafft.
De 24te Juli 1954 huet si sech mam Ierpeldenger Schoulmeeschter dem Pierre Reeff bestuet. Si kruten zwee Kanner, den Albert an d’Pia. Si war zäitliewens Hausfra, Mamm a Bomi (Meme).
Hir Hobbye waren, am Gaart schaffen an hire Mann a senge villen Aktivitéiten, (Organist, Dirigent, Sekretär a President vum FC 72 ) a sengem groussen Hobby, der Juegd, ze ënnerstëtzen an eng Hand mat un ze paken. Hire Mann ass leider ze fréi am Juni 1995 gestuerwen, dat fir d’Margot een immens battere Verloscht war. Dem Margot säi grousse Stolz sinn awer hir 4 erwuessen Enkelkanner an hiren Urenkel.
D’Margot huet déi grouss Chance hire Liewensowend bei relativ gudder Gesondheet doheem kënnen ze verbrénge mat Hëllef vun enger ganz léiwer Begleetpersoun.
Am aller frousten awer ass si, wann si Besuch kritt vun hire Kanner, Enkelkanner, Urenkel a Bekannten.