Bamfeier zu Éiere vum neie Buergermeeschter Fréd Ternes

Déi lokal Veräiner hunn den 20. Abrëll dem neie Buergermeeschter Fréd Ternes, wéi d’Traditioun et wëllt, e Bam gesat.


Déi gutt besichte Manifestatioun ass, bei guddem Wieder, mat engem Cortège bei d'Haus vum Buergermeeschter gaangen, wou de Bam vum Fierschter gesat a vun de Pompjeeë genat ginn ass.


De Cortège, wéi déi obligatoresch Rieden, goufe musikalesch vun der Fanfare vun Hueschtert a de Gesangsveräiner aus der Gemeng verschéinert. Duerno war ee gesellegt Beieneen.


Bei där Geleeënheet huet den Organisatiounscomité Sue bei de Veräiner aus der Gemeng Nidderaanwen gesammelt, an esou konnt e Chèque vu 5.500 € un Amitié Am Sand- Amizero OGD iwwerreecht ginn. Domatter gëtt hir sozial Aarbecht a verschidde Centres scolaires am Rwanda ënnerstëtzt.