Dëst Joer hunn d’Schoulkolleeginnen an Kolleegen vum Joergang 1964 sech an hirem Heemechtsduerf getraff fir zesummen hiren 50. Gebuertsdag ze feieren. Et war schon den 12. Konveniat, an erëm hunn eng ganz partie Leit d’Invitatioun ugeholl an hate sech deen Daag laang am viraus reservéiert.
Et ass lass gaang bei der Schoul „Vir Wëller“, wou de Grupp vum Här Buergermeeschter Serge Hoffmann, mat senge 2 Schäffen, dat neit Gebai virgestallt krut. Et war viru 45 Joer, wéi dës deemols 5 – Jähreg Kanner déi „Nei Schoul“ an der rue du Bois agewait hunn. No enger ausféierlëcher Visite huet d’Gemeng den Eierewäin offréiert.
Duerno ass et op den Mettesdësch gaang an d’Pizzeria op Habscht, wou Variatiounen vun Antipasti zervéiert goufen.
Een Highlight am Dagesprogramm war den Ausfluch mat engem Oldtimerbus, Joergank 1958, an d’Stad, wou eng Visite vum Groussen Theater, deen 1964 offiziell ageweit gouf, um Programm stong.
No enger ustrengender Tour duerch den Theater hate se sech ee Patt wierklech verdéngt. (ee grousse Merci un de Guide a seng Assistentin, déi och déi verstoppten Ecker vum Theater gewisen hunn).
Mam Oldtimer – Bus ass et zréck gaang iwwer d'Land Richtung Äischen, an d’Stëmmung am Bus war tip top, obwuel et mat Eemeren gereent huet.
Fir d’Owesiessen war Rendez-Vous zu Stengefort, wou bei engem gudde Maufel an engem Patt sou munnech Anekdoten op den Dësch komm sinn.
Ganz flott war et dat déi fréier Schouljoffer Gritty Steinmetzer an d‘Schoulmeeschteren François Frank a Jean Bouché drop gehal hunn, fir dobäi ze snin.
No engem ustrengenden Dag ware se sech all eens fir sech geschwënn erem ze gesinn.
Dee ganze Dag war organiséiert vun engem Team vu 4 Leit, Chantal Boulanger – Hoffmann, Isabelle Lalli – Peter, Constant Muellesch a Patrick Jemming.