Diddeleng. De Club Soroptimist Minett hat déi grouss Freed der Madame Isabelle Marchal, Chargée de Direction vun der Fondation Maison de la Porte Ouverte (FMPO) e Scheck vun 3.000 € kënnen ze iwwerreechen. Dësen Don hëlleft hinne weiderhin an hirem Centre d’accueil Maison Sichem jonk Meedercher a Nout wärend hirer Schwangerschaft opzehuelen, hinne mat Rot an Dot bäizestoen an si bei hirem individuelle Liewensprojet ze begleeden.