Um Uschloss un d’Houmass op Cäciliendag gouf den Organiste Maurice Clement fir seng 25 Jar am Déngscht vun der Dikricher Parkierch geéiert .Den 1. September 1999 ass hie quasi direkt vu senger Musekshéichschoul zu Lyon engagéiert ginn .
De Maurice Clement war en talentéierten a gutt ausgebilten Organist , deen am Ufank vu senger Carrière stoung. Déi Verantwortlech vun der Chorale Sainte Cécile ware mat him a Kontakt an hunn hie motivéiert fir d’Plaz als Organist an der Kierch zu Dikrich unzehuelen .Op den 1. Februar 2000 ass hien dunn endlech als Organiste-Titulaire vun der Dikricher Uergel ernannt ginn.
De Maurice Clement huet dunn och als Uergelprofesser am Conservatoire du Nord ugefaangen an huet sech mat senger Famill zu Dikrich niddergelooss.
Wéi d’Philharmonie um Kierchbierg 2005 opgaang ass , ass hien och Organiste-Titulaire vun dëser Uergel ginn.
Hien huet och intensiv um Projet vun der Restauratioun an Erweiderung vun där neier Dikricher Uergel aus der Uergelmanufaktur Thomas matgeschafft , déi 2016 konnt ageweit ginn .
Nieft senge villen Aktivitéite , Concerten an Opnamen , déi hien duerch d’ganz Welt féiren , ass de Maurice Clement och artisteschen Direkter vun den Amis de l’Orgue Dikrich . An dëser Funktioun stellt hien all Jar e flotte Programm mat de beschten a bekanntsten Organisten zesummen , dorënner och eng Rei vu jonken Organisten , déi duerch seng Schoul gaang sinn an haut Chorallen an de Kierche begleede kënnen.
Als Merci fir sengt 25-järegt Wierken als Organist vun der Dikricher Parkierch huet de Präsident vun der Kierchefabréck Dikrich Jean-Jacques Schaeffer dem Maurice Clement eng Verdéngschtauer iwwerreecht . Den Organist huet déi kleng Feier mat enger perséinlecher Uergelsortie ofgeschloss.