Babysitterformatioun vun der Nordstadjugend

Viru kuerzem ass zu Dikrich eng Babysitterformatioun vum pädagogesche Personal vun der Nordstadjugend asbl. organiséiert an ofgehale ginn. Un dëser Formatioun déi 8 Stonne gedauert huet, hunn 20 Jonker am Alter tëscht 15 a 25 Joer deelgeholl a si kruten ofschléissend och hire Babysitter-Diplom iwwerreecht.

Um Programm stoung engersäits d’Vermëttele vun theoreteschem Wëssen, anerersäits goufe praktesch Übungen a flott Spiller gemaach:

Babysitten – wat bedeit dat iwwerhaapt? Wat sinn d’Rechter an d’Pflichte vum Babysitter an och vun den Elteren? Den Ëmgang mat Beebeeën an d’Entwécklung vum Kand. Altersgerecht Kommunikatioun a Beschäftegung vum Kand. D’Kommunikatioun mat den Elteren a wat sinn hir Erwaardungen? D’Hygiène an alles ronderëm Thema „schlofen“.

Net ze vergiessen, wéi een am Noutfall a bei Boboe reagéiert. Heifir war eng Kannerkrankeschwëster sur Place, fir d’Basics vun der 1.Hëllef ze vermëttelen. 

U Beebee-Poppe gouf dann d’Un- an Ausdoen, d‘Bueden, souwéi och d’Wiessele vun de Wëndele geüübt.

Um Enn vum Dag waren di Jonk prett fir mat deem wat si geléiert hunn, hiren Déngscht als Babysitter unzebidden. Heifir kënnen si, wann si wëllen, sech op der Plattform „Babysitting.lu“ registréieren a kënnen do vun den Eltere gebucht ginn.

D’Nordstadjugend seet deene Jonke Merci fir hir Participatioun a fir hiert Engagement.

Weider Infoen op www.nordstadjugend.lu