15 Joer Weltbuttek Dikrech

Den 1. August 2009 huet den Dikrecher Weltbuttek seng Diren opgemach....

15 Joer Verkaf vu fairgehandelten an nohaltegen Produiten

15 Joer besser Aarbechtsbedingungen fir eis Partner am globalen Süden

15 Joer éirenamtlecht Engagement


an ëmmer nach Begeeschterung fir den fairen Handel!


Zesummen mat treien Clienten, fréieren an aktuellen MataarbechterInnen, Frënn a Famill gouf a geselleger Ronn dorop ugestouss.


En grousse MERCI eise Bénévolen a Clienten fir hir Ënnerstezung all déi Joeren.
Mir hoffen, och nach an den kommenden Joeren op si zielen ze kennen!


D'Equipe vum Dikrecher Weltbuttek bleiwt och weiderhin mat vill Elan a Motivatioun
am fairen Handel engagéiert.