Journée du Grand Âge bei der Amiperas Sektioun Noumer

Cruchten: Et gehéiert schon säit vill Joeren zur schéiner Traditioun, am Kader vun der „Journée du GrandÂge“ hir Senioren zu hirem Gebuertsdag ze éieren. Viru kuurzem war dat och erëm de Fall, wou sech och vill Memberen en agreablen Nommëtteg a flotter Gesellschaft mateneen konnten verbrëngen. Nom gemeinsamen Iessen, dat vun der Amiperas Sektioun och offréiert gi war, huet d‘Sekretärin Edmée Hoffmann- Gales am Numm vum Komitée di uwiesend Sektionsmemberen häerzlich begréisst an och villmols Merci gesoot fir d’Kommen. Duerno koum et zur Éierung vun folgenden Jubilaren, déi mat engem schéine Kado, d’Gratulatiounen vun Komitee konnten entgéint huelen. Fir 90 Joer: Sr. Marie- Joseph Kellen. Fir 85 Joer: Elly Didier- Massonet, Roger Barthels an René Schmitz. Fir 75 Joer: Aline Barthels, Jacqueline Dhur a Charel Reiser. Duerno ass de groussen Gebuertsdagskuch opgeschnidde gin an bei enger gudder Taass Kaffi a gudder Ambiance weider gefeiert gin. (CR)