1monthfree

Grouss Botz Gemeng Conter | 21 + 22. Mäerz 2025

D'Gemeng Conter ass prett fir d'Fréijoer! ☀ 🌱

🇱🇺 Direkt op 2 Deeg ass déi Grouss Botz an der Gemeng Conter ofgehale ginn. Ugefaangen, Freideg den 21. Mäerz wou d'Betriber aus der Industriezon zesummenkoummen fir den Dréck an der Zon opzerafen. Samsdes du war et un de Bierger. Hei ass bei schéinstem Wieder de Knascht zu Mutfert, Eiter a Méideng opgeraf ginn. Fir Merci fir d'Engagement ze soen, gouf et als Ofschloss Ierbessebulli an e klenge Patt offréiert vun der Gemeng.