Viru kuerzem hutt de LIONS CLUB LUXEMBOURG - EUROPE als Resultat aus hiren "actions sociales" am Exercice 2023/2024 véier Schecken am Gesamtwäert vu 16.000 € u 4 Associatiounen iwwerreecht. Dozou gehéieren ënner Anerem d’Einnamen aus hirem Asaz beim Europafest den 9. Mee am Dräilännereck zu Schengen/Perl /Apach, an och den Erléiss aus dem Verkaf vun hirem Bio - Cremant, deen d’Kellerei Sunnen-Hoffmann ënnert dem Numm « Crémant de Luxembourg Schengen - Europe » fir de Club produzéiert (https://sunnen-hoffmann.lu).
De Past-President Georges Bingen konnt zesumme mam aktuelle President Edmund Josten der Associatioun Aide aux Philippines 4.000 € iwwerreechen. Zënter senger Grënnung nom schwéieren Taifun Haiyan am Joer 2013 engagéiert sech d’Associatioun ënnert dem Impuls vum Olivier CONRARDY duerch de Bau vun Holzhaiser, Installatioune fir den Zougang zu propperem Drénkwaasser, an och d’Entwécklung vu Bildungs – an Entwécklungsprogrammer an aner Aktivitéite fir d’Liewe vun deenen duerch d’Naturkatastrophen an aneren Noutfäll betraffene Mënschen ze verbesseren (https://www.aidephilippines.lu)
De Lions Club Luxembourg - Europe konnt och der Madamm Diane WOLTER, Presidentin vun der Fondation CBM Luxembourg 4.000 € iwwerreechen. Déi nach jonk Fondatioun CBM ass virun Allem a Madagaskar, Angola an am Laos aktiv, an hutt sech zum Ziel gesat, d’Versuergung vun Aenerkrankungen bei Kanner ze verbesseren, ënnert Anerem duerch den Opbau vun Aengesondheetszentren an duerch Fërderung vun der Ausbildung vun Aendokteren op der Platz (www.cbm.lu).
4.000 € sinn och dëst Joer erëm un d’Organisatioun Theresia’s Orphans and Vulnerable Children Foundation Namibia gaangen, eng Organisatioun déi de LIONS Club Luxembourg - Europe schonn zënter 2007 finanziell ënnerstëtzt. Dëse Projet, dee vun engem Lëtzebuerger, dem Patrick HILGER a senger Fra Elisabeth Hilger - Dos Santos gegrënnt a geleet gëtt, ënnerstëtzt Kanner déi hir Eltere verluer hu resp. Elteren hunn déi sech net em d’Kanner këmmere kennen. Ziel besteet doran, de Kanner et ze erméigleche selbststänneg ze liewen. (https://theresiafoundation.org)
Weider 4.000 ginn un den Dr Georges KRATZENBERG an seng Associatioun Un sourire pour l’Equateur a.s.b.l., déi de Lions Club Europe zënter 2018 ënnerstëtzt. Dëse Projet huet zum Ziel, de Leit an engem vun deenen äermste Länner vu Südamerika, den Accès zur d’Zännmedezin ze erméiglechen. Et geet hei och dorëm de Leit déi elementar Zännhygiène ze erklären an och Zänndokter auszebilden an hinne Material zur Verfügung ze stellen (asmileforecuador.org).