OEUVRES ST BARTHÉLEMY CONSDORF asbl
Scheckiwwerreechungen
13.11.2024
An enger gemittlecher Feierstonn am Festsall um Scheedgen hunn d’Konsdrëffer Massendénger, d’Klibberkanner vu Konsdref, Präitler a Kolwent zesumme mat den Oeuvres St Barthélemy Consdorf zwéi Schecken un d’Haus Omega, vertrueden duerch hire President Fabian Weiser, iwwerreecht.
Nieft enger Rei Membere vun deene verschiddenen Organisatioune war d’Gemeng vertrueden duerch di zwéi Schäffe Michel Majerus a Bob Ries.
05.01.2025
D’Spendekëscht, déi bäi der Aktioun Adventsfënstere mat vu Fënster zu Fënster gereest ass, gouf vu mëtschgiewege Spender nawell gutt gefëllt. Um kierchlech gefeierten Dräikinneksdag ware vill „Fënsterdekorateuren*innen“ an der Präitler Kierch zesummekomm, fir den Erléis vun där Aktioun un d’Amicale Zitha Consdorf asbl ze iwwerreechen. Hir Präsidentin Joëlle Wallenborn huet sech erfreet gewisen iwwer dëse Geste un di rezent gegrënnten Organisatioun.
De Buergermeeschter Marco Bermes huet an enger kuezer Usprooch d’Wichtegkeet vun de béiden implizéierten Organistioune fir de sozialen Zesummenhalt ervirgestrach.
Als lescht Riednerin huet d’Parassistentin Josiane Mirkes der Organisatrice Tanja Konsbrück fir di wonnerbar Initiative felicitéiert an hir eng Blimmche fir hire kierzlech gefeierte ronne Gebuertsdag iwwerreecht.
Kanner- a Familljenhëllef
Am vergaangene Jar 2024 huet d’OSBC sech nees an den Déngscht vun der Kanner- a Familljenhëllef asbl gestallt an huet sech un der Sammlung vu Schoulsäck a Liewensmëttelpäck bedeelegt. Mir son alle Leit aus der Par Regioun Iechternach St Willibrord, déi hiren Obolus do bäigedron hunn, en häerzleche Merci.
Wat fir eng wäertvoll Aarbecht déi Organisatioun leescht beleet schonn d’Wanteraktioun 2024: nieft Spillsaachen, Kleeder, Vëloen, Babybettercher, Kutschen, waarmen Decken an villem méi goufen 3002 Liewensmëttelpäck a Rumänien an an d’Ukrain geliwwert.
Save the date!
Text a Fotoen: Oeuvres St Barthélemy Consdorf asbl