Scheck Iwwerreechung vum Fan Club "Roude Léiw" un Häerzkrank Kanner Lëtzebuerg

De 14.03.2025 hat de „Fanclub Roude Léiw“ hir alljärlech Generalversammlung am Hotel Bon Repos um Scheedgen. Bei dëser Geleeënheet gouf e Scheck vun 2000,00 Euro un d’ Associatioun „Häerzkrank Kanner Lëtzebuerg“ iwwerreecht. Mat eisem Don fir dës Associatioun, ënnerstëtze mir déi Kanner, déi vum Ufank vun hirem Liewe kämpfe mussen, fir hiert schwéiert Schicksal ze meeschteren. Dës Sue, sinn aus dem Erléis vum Chrëschtmaart um Scheedgen, wou e puer vun eisen Damen, selwer gebake Kichelcher, Rum- Eeërkugelen a Knippercher verkaaft hunn. Wueren, dofir sinn nieft hirer viller Aarbecht och vun den Damme gestëft ginn, villmools Merci. Merci och un all déi Leit, déi eis akaaft an dozou bäigedroen hunn, fir dëse generéisen Don ze erméiglechen.