Um 4. Adventssonndeg hunn d‘Sänger*innen vum Kanner- a Jugendchouer Konsdref eis mat engem wonnerschéine Chrëschtconcert verwinnt. Mat der Ënnerstëtzung vun hirer Band, dem Romain Boden um Kontrabass an dem David Hoffmann um Drumset, an ënnert der Leedung vum Anna Nikolay hunn si hire Publikum begeeschtert. Mat klasseschen a moderne Lidder huet een am rammelvolle Sall um Scheedgen eng ganz wonnerbar Chrëschtambiance erlieft. Ee ganz decke Merci, dass mir mat hinnen zesummen dee flotten Owend mat uschléissendem Glühwäin a Chrëschtgebäck konnte genéissen a geselleg ausklénge loossen.