Summerconcert mam Kanner- a Jugendchouer Konsdref

Als Ofschloss vun der Saison hat de Kanner- a Jugendchouer Konsdref op e ganz flotte Summerconcert den 13. Juli agelueden. An dem gutt gefëllte Festsall um Scheedgen hunn si ee ganz ofwiesslungsräiche Programm, zum Deel mat selwer gemaachtem Rhythmus a Choreographie, den si fläisseg ageprouft hunn mat hirer neier Dirigentin Anna Nikolay, presentéiert. D‘Begeeschterung vum Publikum war grouss a si hunn dat deene jonke Sänger*innen mat vill Applaus zum Ausdrock bruecht. Nom Concert gouf bei engem gudde Patt an Häppercher déi wuelverdéngte Vakanz agelaut. E grousse Merci jidderengem, den derzou bäigedroen huet, fiert Gelénge vun dësem wonnerbaren Ofschlossconcert.