Den Enkel vum Befreier vun der Stad Lëtzebuerg op Besuch zu Clierf

Viru kuerzem war den Dr Don OLIVER, den Enkel vum Generolmajouer Lunsford E. OLIVER, deen den 10. September 1944 d’Stad Lëtzebuerg befreit huet, mat senger Fra op Besuch an de Lëtzebuerger Ardennen. Si goufe vun der Famill Kohn a vum Deputéierten André Bauler, President vun der Vereenegung De Cliärrwer Kanton, begleet.

De Kannerdokter Don OLIVER a seng Madamm goufen zu Clierf ënner anerem an der Abtei vum Abt Dom Michel Jorrot emfaang. Den Abt huet der Koppel historescht Fotosmaterial gewisen, mat Hëllef vun deem een d’Ausmooss vun der Zerstéierung an der Abteikierch wärend dem Zweete Weltkrich konnt feststellen. D’Nazien haten nämlech virgesi fir d’Kierch als Piscine ëmzegestalten an hunn dofir etlech architektonesch Elementer zerstéiert.

Den 10. September 2024 gouf den Dr OLIVER an der Stad op der Place d’Armes vun der Stater Buergermeeschtesch wëllkomm geheescht a konnt de Balcon vum Cercle municipal betrieden, op deem virun 80 Joer säi Grousspapp mam Prënz Felix stoung.