Chrëschtkonzert vun der Chorale Ste Cecile Clierf de 26.12.2024
Wéi et schon Traditioun ass, hat d’Chorale Ste Cécile vu Clierf ob Stierwesdaag ob hieren traditionnelle Chrëschtkonzert, deen all zwee Joer statt fënnt, an d’Cliärrwer Kierch agelued.
D’Monique Konsbruck huet d’Eieregäscht an d’Leit alleguer begréisst an allen Akteuren Merci gesoot, déi zum gudde Gelengen vun desem Konzert bäigedro hunn.
Ennert der Direktioun vum Erik Schmidt, begleet um Piano vum Anne Weis, huet d‘Chorale bekannt a manner bekannt Lidder iwer Chrëschtdaag an iwert de Fridden virgedroen. Begleet goufe si ob der Querflüt vum Anne Koch an Rafael Correia.
De Julien Landers huet säi ganzt Talent ob der Uergel ënner Beweis gestallt an d’Solisten Cynthia Thelen-Dichter, Marie Weis an Erik Schmidt hun de Publikum mat hire wonnerschéine Stëmmen begeeschtert.
Nom Konzert huet d’Présidentin vun der Chorale Anne Weis jidderengem eenzel Merci gesoot. De Frank Weis, vun den Amis de l’Orgue Clervaux, huet Erklärungen ginn iwert d’Quête vum Konzert, déi bestëmmt ass fir dringend Arbechten un der Uergel.
De Marc Boever, Président vum Piusverband, huet d’Thema Fridden, daat sech wéi ee roude Fuedem duerch de Konzert gezun huet, nach eemol an de Mëttelpunkt vu senger Ried gestallt.
Beim Empfank nom Konzert ass ee Cheque vun 2.650 € un Les Amis de l’Orgue Clervaux iwerreecht ginn.
De neie Rendez-Vous fir de Chrëschtkonzert ob Stierwesdaag 2026 ass notéiert.
Text: Patrick Jemming
Photoen: Patrick Jemming, Julien Landers