Adventsmaart zu Zéisseng - Marché de l'Avent à Cessange
um weitere Bilder zu sehen.
Den 30. November 2024 organiséieren d'Zéissenger Veräiner hiren traditionnellen Adventsmaart vun 10.00 - 16.00 Auer um Parvis vun der Zéissenger Kierch.
Mir ënnerstëtzen dëst Joer:
SOS -Kannerduerf zu Miersch: Pädagogische und therapeutische Fördermaßnahmen durch kunstgestützte Pädagogik (Kunst und Musik) für die Kinder und Jugendlichen des SOS-Kinderdorfs Luxemburg
SOS - Villages d’Enfants monde: Die ONG engagiert sich in Projekten in Westafrika im sozialen, edukativen oder Umwelt-Bereich.
Um Programm:
11.00 - 12.00: D'Strëpp vun der Hollerécher Musek spillt Chrëschtmelodien -
14.00: Christmas Carols performed by our Pop-Up Christmas Band! Kommt a sangt mat!
14.30: De Kleesschen kënnt laanscht a bréngt de klenge Kanner eppes Schneekeges mat.
Mir verkafen: Adventskränz (op Bestellung), Chrëscht-Arrangementer, Chrëscht-Streiss, Dekoratiounen, Second-Hand Chrëschtartikelen, Second-Hand Bicher fir Chrëschtdag, Gebäck, Gebeess ...
Mir zervéieren: Glühwäin, Kaffi, Schocki, Irish Coffee, Ierbëssebulli, Gegrills, Gromperekichelcher, Eisekuchen.
Auerzäit: 10.00 - 16.00 Auer um Parvis vun der Kierch
Organisateur: Veräiner vun Zéisseng - Associations de Cessange