Den 2. Dezember 2023 organiséieren d'Zéissenger Veräiner hiren traditionnellen Adventsmaart vun 10.00 - 16.00 Auer um Parvis vun der Zéissenger Kierch.
Mir ënnerstëtzen dëst Joer: Stëmm vun der Strooss - E Projet fir déi Obdachlos / Caritas mat engem Projet fir d'Affer vum Aerdbiewen an der Türkeit de leschte Februar D'ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt mat engem Projet am Senegal.
Um Programm:
11.00 - 12.00: D'Strëpp vun der Hollerécher Musek spillt Chrëschtmelodien -
14.00: Christmas Carols performed by the Cessange Christmas Carolers and Chantres St Joseph Cessange. Kommt a sangt mat!
14.30: De Kleesschen kënnt laanscht a bréngt de klenge Kanner eppes Schneekeges mat.
Mir verkafen: Adventskränz (op Bestellung), Chrëscht-Arrangementer, Chrëscht-Streiss, Dekoratiounen, Fudderklacken, Second-Hand Chrëschtartikelen, Second-Hand Bicher iwwert Chrëschtdag, Gebäck, Gebeess ...
Mir zervéieren: Glühwäin, Kaffi, Schocki, Irish Coffee, Ierbëssebulli, Gegrills, Gromperekichelcher, Eisekuchen.
Auerzäit: 10.00 - 16.00 Auer um Parvis vun der Kierch
Organisateur: Veräiner vun Zéisseng - Associations de Cessange