Konveniat

Op Aluedung vum Jaas Danielle, Stranen Dan a Karier Marco., hunn sech viru kuerzem déi fréier an haiteg Mataarbechter vum Mierscher Postbüro fir en 1te Konveniat gesinn. Insgesamt 54 Postler waren dëser Aluedung nokomm. No enger Gedenkminutt fir déi verstuerwe Kolleegen, huet bei engem gemeinsamen Mëttegiessen am Restaurant Bausch zu Brouch jiddereen sech de Menü gutt schmaache gelooss. Bei dëser Geleeënheet sinn  sou munch schéin Erënnerungen an Anekdoten aus den Aarbechtsjoren erzielt ginn. Beim Abschid huet jiddereen drop gehalen esou een Treffen onbedéngt ze widderhuelen.