"Dag vum Bam" Planzaktioun vun de Schoulkanner an dem Dall mat den 2 Gemengenen

Bous-Waldbriedemes. Am Kontext vum "Dag vum Bam" an op Initiativ vun der Ëmweltkommissioun hunn d’Schoulkanner aus dem Cycle 2.1. an dem Cycle 3.1. aus de Grondschoule vu Bous an Trënteng Mëtt Dezember zesumme mat der Natur- a Bëschverwaltung zu Trënteng „op der Klaus“ 28 Uebstbeem geplanzt.

Am Ufank huet de lokale Fierschter, den Tom Engel de Schüler Sënn an Zweck vun esou Aktiounen erkläert. Dobäi huet hien d‘Wichtegkeet vun de Beem an der Gewan fir Déierewelt, d' Biodiversitéit, d' Landschaftsbild , an de Mënsch betount. Bei de Beem, déi bei 2 Nomëtteger vun de Kanner zesumme mat de Bëschaarbechter geplanzt gi sinn, huet et sech em lokal Kiischtebeemzorte gehandelt.