Buerschent Konveniat

Kierzlich hunn d Buerschter Jongen a Meedercher sech an hirem Duerf getraff op e Konveniat.

Si hu sech Rendez-vous gi bei der Kierch fir do hirer verstuerwene Kommeroden ze gedenken an fir si eng Blummecoupe néierzesetzen.

Duerno war eng Receptioun op der Gemeng wou d Buergermeeschtich den "Éiereschampes" zervéiert huet.

Am Hotel St. Fiacre gouf e gudde Menu opgedëscht bei deem, unhand vun ale Fotoën vill Erënnerungen a munch fréier Spiichten op Tapéit koumen.

Si sinn no dësem flotten Dag auserneegaang mam Beschloss, sech an 3 Jar rëm ze treffen.