Eischt-Hëllef-Dag an Zesummenaarbecht mam CGDIS an der Buurschter Schoul

16
Jul
2024
16 Jul

An Zesummenaarbecht mam CGDIS huet Zentralschoul Buurschent den 23. a 24. Abrëll en Éischt-Hëllef-Dag fir hir Schüler organiséiert. Wärend deenen zwee Deeg konnten d’Kanner u verschiddenen Ateliere vum CGDIS deelhuelen an hire Beruff besser kenneléieren.

D’Kanner konnten d’Uniform vun de Pompjeeë kenneléieren, sech de Läschcamion ukucken a konnten eng vereinfacht Versioun vum Sportsparcours duerchlafen dee soss d’Pompjeeë maachen. Außerdem hunn d’Kanner geléiert präzis mam Schlauch ze sprutzen an e Feier auszemaachen. Zum Schluss krute si nach gewise wéi een accidentéierten Auto opgeschnidde gëtt fir d’Leit aus dem Gefier ze befreien. Hei konnten déi grouss Kanner souguer eng Hand mat upaken.

Wärend deenen zwee Deeg huet de Rom Hankes Fotoe vun de Kanner gemaach, déi un dësen Ateliere vum Éischt- Hëllef-Dag deelgeholl hunn. D’Kanner waren immens begeeschtert. E grousse Merci un de CGDIS vu Buurschent a vun Ettelbréck dat si sech Zäit geholl hunn, fir déi zwee flott Deeg fir eis Kanner ze organiséieren.

Léierpersonal aus der Buurschter Schoul