1monthfree

Remise de Dons

'Lëtzebuerger Bicherfrënn- Les Amis du Livre asbl', verkafen Okkasiouns-Bicher zu Buerglënster an der Pabeierscheier, an zu Woolz an der Bicherstuff: Dir fannt do Dausende vu Bicher vun allen Zorten a 4 Sproochen, a guddem bis neiwertegem Zoustand, déi gespendt goufen.

Den Erléis ass integral fir karitativ oder kulturell Zwecker. Dës Joer waren dat bal 60 000,- € déi Mëtt Dezember konnten iwwerrecht ginn un: Sozialequipe Bouneweg - ALAN asbl - Autisme Luxembourg asbl - Banque Alimentaire asbl - E.D.I. Madagascar - Médecins sans frontières (Gaza) - Share Switzerland- Frënn vum Bierger Schlass asbl - Stëmm vun der Strooss - Bourse d'auteur «Bicherfrënn»