42. International Konschthandwierker-Deeg zu Buerglënster
14. & 15. Juni 2025
Samsdes: 12 - 18 Auer | Sonndes: 9:30 - 18 Auer
Kommt op eis 42. International Konschthandwierker-Deeg an entdeckt iwwer 100 Konschthandwierker am Duerf an am Schlass vu Buerglënster. Verbréngt e puer flott Stonnen an enger eenzegaarteger Atmosphär a kuckt sëllege Konschthandwierker bei hirer Aarbecht iwwer d’Schëller. Vu Keramik, Bijouen, Textilveraarbechtung, bis Aarbechten am Holz, Metall a Lieder, fir jiddereen ass eppes dobäi.
Eis lokal Veräiner suergen de Weekend fir Iessen a Gedrénks.
Gratis Parkplaze mat Navette stinn zu Jonglënster zur Verfügung. Ausféierlech Informatiounen dozou ginn ët op eiser Internetsäit: www.sijunglinster.lu
Facebook & Instagram: @khd.bourglinster
Entrée: € 5,00 | Kanner a Jugendlecher bis 16 Joer hu fräien Entrée
Organiséiert vum Syndicat d'Initiative Jonglënster