Chrëschtfeier 2024 vun de Fraen a Mamme Réiserbann
07
Jan
07 Jan
Wéi all Joer haten d'Fraen a Mammen Réiserbann op hiren tradionnelle Chrëschtkaffi an de Centre Culturel op Béiweng agelueden. No enger Coupe Crémant huet och nach eng schéin Kaffisstuff d'Damme begeeschtert. Bei enger flotter Tombola huet baal jiddereen nach deen een oder aanere Kado fir Chrëschtdag gewonnen. Mat dem Erléis vun der Tombola ass d'Veräinskees och nach e bëssen opgefëllt ginn, esou dass um Enn vum Joer nach 2 Donen fir jeweils d"Stëmm vun der Strooss" an "Blëtz asbl" gemach kënne ginn. Well d'Feier dëst Joer op dem 6.Dezember war, krut jiddereen virum Heemgoen vum Kleeschen nach e Boxemännchen geschenkt.