1monthfree

ASIVEMA KULTUR AN NATUR - CIRCUIT GODCHAUD AN DER STAADT


ASIVEMA KULTUR AN NATUR an der Stadt um Circuit Godchaux

Mat ganz vill begeeschterte Wanderer wore mer ënnerwee.

Et gong lass beim Bouneweger Tennis duerch de Bësch Richtung Gantenbeinsmillen (mat 2 Guiden vum LCTO krute mer ganz interessant Detailer, och vun der Geschicht vun der Gantenbeinsmillen erzielt, Merci denen 2 kompetente Leit)

Et sinn nët grad 8 km voller Geschicht an Anekdoten vun der Industrieller Revolutioun, och hei bei eis, mat ganz interessanten Detailer.
Wann e bedenkt dat deemols schon eng 2.000 Leit do geschaft hun, mat Kannerbeteiung (Crèche) Dengschtwunnengen fir d'Arbechter, Epicerie, asw. mat Sozialer Ennerstëtzung am Krankheetsfall, eppes wat et soss néierens am Land gouf, war dat eng ganz innovatif an sozial Arbechtsplaaz.

Sie haten z.B. eng 1. Dampmaschinn fir Elektresch ze machen, (deemols huet d'Staat nach mat Gas geliicht) woubäi hire ganzen Site schon elektrifizéiert wor.

D'Famill Godchaux huet och während 40 Joeren de Buergermeeschter gestallt fir d'Gemeng Hamm.
Sie haten och Dépendancen zu Ettelbréck an am Frankräich an hun hir Wueren National an och Inernational verkaaf.