Scheckiwwerreechung vun de Massendénger un d'Associatioun ALAN

Dëser Deeg hunn d'Massendénger aus der Por Ëlwen-Wäiswampich der Madamm Sarah Weiler vun der Associatioun Alan – maladies rares au Luxembourg e Chèque an Héicht vun 2.000 € kennen iwwerreechen, deen der Associatioun sollt zegutt kommen. Bei dëser Geleeënheet huet Madamm Weiler de Nolauschterer a beandrockende Wieder Problematik vun de rare Krankheeten erläutert.

Säit ville Joren triede Massendénger ënnert dem Impuls vu Mammen an aner Engagéierte, fir Mannerbemëttelt a Kranke vun eiser Gesellschaft an, fir hinnen esou bäizestoen. Duerch hier Bastel-Aktiounen op Ouschteren an och an der Adventszäit koumen esou schonn en etlech Suen zesummen, déi si all Joers op en Neits enger karitativer Organisatioun zur Verfügung stellen.