De Victor Diderrich huet seng 80 Joer gefeiert!

E Samschdeg 10. August, huet de Victor Diderrich Famill, Frënn an Noperen op séin 80. Gebuertsdag zu Betzder an der Scheier agelueden.

De Vic, wéi hie vu jidderengem genannt gëtt, ass den 9. August 1944 zu Betzder gebuer. Hien huet e landwirtschaftleche Betrib a 4ter Generatioun weidergefouert an hien huet séi ganzt Liewen zu Betzder verbruecht. Ganz aktiv war de Vic als Sänger am Kierchechouer an hien huet leidenschaftlech gär Theater gespillt. Bestuet ass hie mam Teresa Boguszewicz.

Et war dann och keen Zoufall, dass grad an der aler Scheier gefeiert gouf, well déi huet fréier zum Bauerebetrib vum Vic gehéiert. D’Gemeng hat déi Scheier opkaaft an doraus eng Plaz geschaf, wou sozialen Zesummenhalt a Schaffen am Mëttelpunkt stinn. Wou fréier Stall an Heeknapp waren, do ass haut eng Plaz fir ze feieren an sech ze begéinen. An dat passt och bei de Vic! Vill Leit sinn op séi Gebuertsdag komm an hu mat him e puer flott Stonne verbruecht. Am Plaz vun engem Kaddo huet de Vic en Don vu jeeweils 1.800 € un d’Amicale vum Institut St. Joseph Betzder an un de Leederwon asbl gemaach.

Mir wënschen dem Vic nach vill schéi Joren dobäi, eng gutt Gesondheet an nach weiderhi vill Freed am Gaart a bei sengen aneren Aktivitéiten.