Virun engem gutt gefëllte Sall konnt de President Georges Kintziger op der Generalversammlung nieft de ville Memberen a neie Memberen och verschidde Vertrieder vum Gemengerot begréisse grad esou wéi d‘Vertrieder vun den Nopeschveräiner.
A sengem Aktivitéitsbericht huet hien op een erfollegräicht Joer zréck gekuckt. Déi zwou grouss IVV-Wanderungen, dovunner eng mat Marathon hunn 1.610 Wanderer op Gilsdref bruecht. Weider goufe 4 geféiert Wanderungen an der Gemeng organiséiert an d’Organisatioun vun der Coupe Scolaire louch fir déi 38. Kéier an den Hänn vun de Wanderfrënn. Och de Bettenduerfer Permanente Wanderwee PW 018 leeft nach ëmmer gutt an ass d’lescht Joer 376 mol besicht ginn.
Mee och d’Membere waren erëm ganz aktiv ënnerwee an si waren an der Moyenne mat jeeweils 18 Leit op de Lëtzebuerger IVV-Wanderunge vertrueden. Och am Ausland konnte vill Inscriptioune vun de Bettenduerfer enregistréiert ginn. Insgesamt waren d’Wanderfrënn mat 1.611 Participatioune vertrueden an hunn dobäi 22.469 Kilometer gewandert. Déi äifregst Wanderer vum Veräin waren 2 Dammen: d’Josée-Anne Zenner huet 4.227 Kilometer opzeweisen virum Pia Schneider mat 2.300 Kilometer an dem Patrick Thilmany mat 1.118 Kilometer.
De Caissier Marc Winandy konnt ee positive Bilan presentéiert a krut vun de Keesekontrolleren erëm eng perfekt Gerance attestéiert.
D’Upassunge vun de Statuten un dat neit Asbl-Gesetz sinn ouni grouss Diskussiounen ugeholl ginn.
Fir 2025 stinn erëm 2 traditionell IVV-Wanderungen um Programm, déi éischt war schonns den 12. Januar a war ganz gutt besicht, d’Summerwanderung mat Marathon gëtt de 24. August zu Gilsdref ugebueden. Och ginn erëm 4 geféiert Wanderungen organiséiert, dorënner den 29. November eng geféiert Glühwäinwanderung. Och ee Merci-Iesse fir all d’Memberen a Benevollen ass fir de Summer ageplangt grad esou wéi erëm d’Organisatioun vun der Coupe Scolaire
De Schäffen Andy Derneden huet de Veräin fir säin Engagement a seng Aktivitéite gelueft an sech fir déi jorelaang Organisatioun vun der Coupe Scolaire zu Bettenduerf bedankt.
Ofschléissend si follgend Membere fir hir äifreg Participatioune geéiert ginn:
Zenner Josée-Anne (4227 km) – Schneider Pia (2300) – Thilmany Patrick (1118) - Reitz Nico (1021) - Weber Gilbert (999) - Groeff Monique (944) - Decker Léon (846) – Decker Nicole (828) - Kintziger Pia (818) - Skinner Ruth (741) - Mousel Diane (737) - Mathieu André (734) - Heinz Erny (722) - Stelmes Roland (641) – Reitz Margot (548) – Heinz-Theis Rhea (514).
De Comité gesäit no der Demissioun vum Roger Flick an no den deelweise Neiwalen esou aus:
President a Sekretär Georges Kintziger – Vizepresident Roland Stelmes - Caissier Marc Winandy – Memberen Erny Heinz, Gilbert Weber a nei derbäi de Nico Weber. Keesekontrollere sinn d’Monique Groeff a d‘Pia Kintziger.