1monthfree

Scheckiwwerreechung un Télévie


Als « Amicale Italo-Luxembourgeoise Bettembourg » hu mer, wéi vill aner Veräiner, d’Kohäsioun vun der multikultureller Gesellschaft hei am Land am A.

Eis Aarbecht ass an dem Sënn vilfälteg a begräift ënner aneren eng Konschtausstellung, d’Bedeelegung u Manifestatioune vun der Gemeng, en Thé Dansant, … bis zu eiser « Fête Italienne » bei der de Comité mat Benevollen Engelcher, eise Gäscht e genëssege 5 Gang – Menu, ënner der Leedung vun eisem Kiche-Chef, zauberen.

Déi finanziell gutt opgestallte Manifestatiounen erméiglechen eis déi manner lukrativ, awer grad sou wichteg, Organisatiounen ofzehalen.

Vun Zäit zu Zäit gi mer e groussen Deel vum Iwwerschoss vun eisem Joresbudget un e gutt Wierk.

Esou hu mer z.B. schonn eng Iwwerweisung un Télévie gemaach, Iesswueren an d’Ukrain geschéckt, duerch en Don den Affer vun Äerdbiewen an Italien gehollef.

Dëst Joer huet de Comité sech fir en Don vun 2000 € fir Télévie entschloss.


De Comité