Flott Impressiounen vun eisem 1.Oldtimertreffen zu Beetebuerg den 14&15.09.2019

De lëschte Weekend 14&15.09.2019 hate mir eisen eischten Oldtimertreff zu Beetebuerg op der

Kiercheplaz. Vill schéin aal Autoen konnt een do bewonneren. Samsdesowes hun mir den eischten Dag mat engem flotte Konzert vun der Silverband ofgeschloss. Sonndesmëttes huet e flotten Tour mat der Päerdskutsch duerch Beetebebuerg villen Léit Spass gemaach.

Eng gratis Busnavette mat engem aale Staterbus huet d Léit all hallef Stonn op Peppeng an de Baueren an aalen Kutschemusée bruecht.

E grousse Merci un all déi déi matgehollef hunn dat dëst Treffen e groussen Erfolleg gouf.