All d'Liewensmëttel hunn hir Originen an et gi Mënschen, déi bei der Produktioun involvéiert sinn. Leider sinn d'Produktioun's-Bedingungen a ville Länner schlecht. Dës Zesummenhäng, kann een och schonn jonken Kanner erklären, déi virwëtzeg an open fir d'Thema Gerechtegkeet sinn.
Dofir ware gëschter Kanner (Cycle 3.1) aus der Reebou-Schoul sech de Beetebuerger WeltButtek ukucken. Si kruuten nach weider Info'ën vun de Bénévolen Fernande an Marie-José iwwer den gerechten Handel an konnten faire Schokola a Jus schmaachen.