Aweiung vun der inklusiver Betreiungsstruktur mat Bëschcrèche Kokopelli
um weitere Bilder zu sehen.
E Freideg 15. September war d’Aweiung vun eiser neier inklusiver Betreiungsstruktur mat Bëschcrèche beim Beetebuerger Mäerchepark.
De Buergermeeschter Laurent Zeimet an d’Schäffen Josée Lorsché a Gusty Graas konnten nieft de Memberen aus dem Gemengerot , de Kommissiounen, an dem Verwaltungsrot vun der APEMH vertrueden duerch de President Fernand Haupert, och den Educatiounsminister Claude Meisch zu dëser sympathescher Feierstonn begréissen.
De Projet gouf vun der Gemeng Beetebuerg an Zesummenaarbecht mat der APEMH op de Wee bruecht an ass am Gemengerot vum 14. Dezember 2014 gestëmmt ginn.D‘Käschte belafen sech op ronn 4 400 000 Euro.
De Grondstee gouf offiziell de 4 Dezember 2015 geluecht. Bei der Visite vun de neie Raimlechkeeten huet de verantwortlechen Architektebüro Witry & Witry déi néideg Explikatioune ginn.
An engem naturnoen Ëmfeld kënne bis zu 78 Kanner am Alter vun dräi Méint bis véier Joer betreit ginn. 25 Prozent vun dëse Plaze sinn fir Kanner mat spezielle Bedierfnesser virgesinn.
E grousse Merci dem Personal aus de bedeelegte Firmen an aus dem Service Technique vun der Gemeng e. Si hunn bis zum Schluss mat Héichdrock dorunner geschafft datt ab dem Méindeg 18. September déi éischt Kanner an der neier Struktur kënne betreit ginn.
Weider Informatioune kritt dir op dëser Plaz:
Xavier DANLOY, responsable SEAI KOKOPELLI
Tél. 691 89 60 30
mail ( xavier.danloy@apemh.lu)