20, 30, 50 Joer am Déngscht vum Kierchegesank zu Beetebuerg


Bei der Cäciliefeier sinn 3 aktiv Sängerinne fir hiren Engagement mat Medaile vum Piusverband ausgezeechent ginn: Myriam Schartz, Nicole Lietz-Meyer a Maggy Eisenlöffel-Juncker. Den Diakon René Schumacher huet den aktive Sänger alleguer Merci gesot fir hire groussen Asaz bei den Houmassen an de ville gesongen Doudemassen am Laf vum leschte Kierchejoer. Bei dem wuelverdéngte gudde Maufel am Restaurant Klein zu Fréiseng ass zesumme gefeiert ginn.