100 Joer Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg - Lëtzebuerger Owend

Am Kader vun der 100 Joerfeier vun der Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg war de Lëtzebuerger Owend um Programm deen och am Kader vu Literatour Beetebuerg organiséiert gouf. Freides den 13. a Sonndes de 15. Mee war de Sall vum Schlass zu Beetebuerg, zwee Mol gudd gefëllt. Den éischten Deel hunn d’Solisten an e klenge Chouer vun der Sängerfreed Dicksereien présentéiert. Am zweeten Deel huet d’Moselle Valley Brass Band eng Monsterstëmmung an de Sall bruecht, an d’Leit am Sall hu mat Begeeschterung matzesongen. Duerch de Concert, huet de Jean-Paul Gangler mat interessanten Erklärunge gefouert zesumme mat der Dirigentin Nancy Back-Kelsen.