E schéine Geste vun de Fraen a Mammen Par Atertdall Sainte- Claire


2 000 Euro vum Wëschverkaaf iwergin

Préizerdaul: Fraen a Mammen aus der Par Aterdall Sainte- Claire haten dest Joer erëm Wëscher gebonnen an de 15. August verkaaft. Den Erléis hun si fir den HM Waasser- Projet am Madagaskar gespennt. Viru kurzem war de Frère Joseph Randrianaimanga SCJ aus Madagaskar am Préizerdaul op Besuch, fir de Scheck vun 2 000 Euros entgéint ze huelen an och sei Projet virzestellen. Et geet dorëms a verschidden Dierfer, déi ouni proppert Waasser sin, Wasserpëtzen ze gruewen, déi hinnen hëllefen, iwwert d’Drëscheperioden ewegzekommen, ouni Hab a Gutt mussen ze verkafen fir Waasser können ze kréien. Bis elo sin schon 5 esou Pëtzer mat der Erlaabnis vun de lokalen Autoritéiten dohannen gegruewe ginn, vun deenen déi Ärmst vun denen Aarmen gratis könne profitéieren. Dat ass nämlich de Sënn vum Heimat und Mission Waasser- Projet am Madagaskar.Et geet nit drëm grouss an deier Infrastrukturen ze bauen, dat muss de Staat mat hiren ONGen maachen, déi oft an enger éischter Entwëcklungsphase vergiess gin fir den Äremsten ze hëllefen. Am Numm vun de Fraen a Mammen Par Atertdall Sainte- Claire huet Mme Joke de Kroon dem Fr. Joseph vu Clairefontaine de Scheck vun 2 000 Euro iwerreecht an e Wësch, fir him ze erklären, ëm wat det geet. Kuerz virum Missiounssonndeg waren d’Leit déi komm waren, beandrockt, wat een alles ka maachen mat wénig Geld, wan een déi richtig Leit op der richtiger Plaatz huet. De Fr Joseph schafft zesummen mat den Amis des Pauvres déi hien am Madagaskar gegrënnt huet, mat de Paren, a mat de Conférences Saint Paul, héi am Madasgaskar. Allen Fraen a Mammen, an allen déi hinnen gehollef hun, en häerzleche Merci fir dësen Asaz. (CR (Foto: Charles Reiser)