D' Traditioun an d'Kultur oprecht erhaalen

D‘Amicale vun de Pompjeeën Préizerdaul war ganz aktiv

Préizerdaul: Am Virfeld vun hirer desjähriger Generalversammlung, huet d’Amicale vun de Pompjeeën Préizerdaul um Dag vum 1. Mee traditiounsgeméiss de Meekranz, gerëscht mat frëschem Laf, fir duerno um Emblem vun de Pompjeeën bei hirem Bau zu Platen opzehänken. No desem Event sin Memberen zesumme komm, fir un der 172. Joereshaaptversammlung deelzehuelen. No sengen Wierder vu Wëllkomm , huet de President Paul Janssen drop gehaalen, fir jidderengem Merci ze soen, fir di gut Zesummenarbecht bei allen Manifestatiounen déi vum Veräin am Laaf vum Joer zu engem groussen Erfolleg beigedroen hun. Duerno huet de Sekretär Karsten Küpper di vill Aktiviéiten, wi Buergbrennen mat Fâlkelzug, Fëschbâken, de Pompjeescross, der Kirmeshâm niewend verschidden Ausgäng an der Gemeng an doriwer hinaus, Komitésitzungen, a Versammlungen, Revue passéiere geloos. Aus dem detailléiertem Finanzbericht vum Anne- Marie Faber war ze bemierken dat d’Amicale trotz engem klengen Defizit an Ausgaben vun ronn 40 800 Euro nach ëmmer gutt opgestallt ass. Di exakt Buchführung ass vum Marc Gergen an Charel Reiser och als einwandfrei bestätigt gin. Ouni Kommentar si sämtlich Beiträg gutgeheescht gin an och de aktuelle Komitee huet Decharge kritt. A senger Laudatio huet de Buergermeeschter Marc Gergen di flott Aktivitéiten vun der Amicale vun de Pompjeeën verbonnen mat engem grousse Merci besonnesch geluewt, déi mat hiren Veranstaltungen dat kulturellt Liewen souwi d’Presenz bei sämtlichen Manifestatiounen an der Gemeng och oprecht erhaalen. Beim Punkt Verschiddenes koumen och interessant Propositiounen an Iddien zur Sproch, déi och vum Komitee mat vill Interessi zur Kenntnis geholl gi sin. Mat engem gudden Teller gefëllt mat Spezialéitéiten an enger interessanter Fotoprojektioun iwert Duerfgeschéihen an vergangenen Zäiten am Préizerdaul, huet desen Dag a flotter Komerodschaft säin würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)