De 6. Mäerz 2025 huet de Conseil d'Administration vun der Amicale des Anciens Artilleurs op hier Generalversammlung 2025 agelueden. 24 Memberen hunn dorunner deel gehol a sech duerno beim traditionellen Träipeniessen a Spiichten erzielen am Restaurant "A Guddesch" zu Biereng et gutt goe gelooss. Dat nächsten Evenement ass och scho geplankt: Visitt vum CEBA-Musée zu Klierf.
Zu där Geleeënheet huet de President KOOS François, e Fotobuch iwwert d'Artillerie-Battaillioun Zanter hirer Grënnung am Joer 1952 bis zu hirer Opléisung am Joer1967 virgestallt a scho vill Bestellungen opgeholl