De Weekend vum 9. an 10. November war zu Berdorf déi 19. Editioun vum Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart. Bei niwwelegem Hierschtwieder a gudder Laun hunn ca 7.500 Leit an de Stroosse vu Berdorf e puer flott Stonne verbruecht. 120 Aussteller hunn hir Konschtartikelen an de Stroossen an am Centre Culturel ugebueden. D'Auswiel war grouss a fir jiddereen war eppes derbäi. Och d'Juegdbléiser hu mat hirer Musek fir de gudden Toun gesuergt. Am Foodvillage hannert dem Centre Culturel hunn d'Veräiner aus der Gemeng beschtens fir Iessen an Drénken gesuergt, an an der Kaffisstuff konnt e selwer gebakene Kuch schmaachen an gemittlech bei engem Pättchen oder enger Taass Kaffi sëtzen. De Ballonskënschtler huet mat senge Kreatioune Kannerae liichte gelooss. D'Fraen a Mammen vu Berdorf si frou iwwer de groussen Erfolleg vum Haupeschfest a soen hire Gäscht, hiren Aussteller, hire Memberen a Frënn, an eiser Gemeng e grousse Merci. Gläichzäiteg kënnege mir d'nächst Joer als Jubiläumsjoer un, well do feiere mir 20 Joer Haupeschfest an 50 Joer Fraen a Mammen an duerfir gëtt et 2025 vill ze feieren.