De Camille feiert séng 90 Jar
Dëser Deeg huet de Camille Meyers seng 90 Jar konnte feieren. Fir dem Camille säin onermiddlechen Asaz ze éieren war eng Delegatioun vun der Chorale Berdorf- Consdorf bäi de Camille op Kisécker an hunn him e Kaddo iwerreecht. Dat war an der Form vun enger Auer mat Gravur. Si ass extra an der Bijouterie déi vum Bäertrefer Meedchen, dem Sandy Streff geleet gëtt, ugefäerdegt ginn. De Camille séngt lo schon 80 Jar am Gesank. Bal keng Hochzäit, Begreefniss a praktesch all Sonndesmasse sënn net ouni dem Camille seng herrlech, liicht Tenorstëmm gehale ginn. Et war natierlech eng zouverléisseg Stäip op all Concert. Dobäi huet heen och nach bäi all Organisatioun vun Antunniuskiermes, Haupeschfest, Duerffest oder Grillfest kräfteg mat ugepaakt. Legendär sen och seng Optrëtter a verschidden Operetten, déi de Bäertrefer Gesank opgefouert huet. Ganz einfach gesot: Op de Camille war ëmmer zu 100 Prozent Verlooss. Och lo nach ass de Camille all Donneschdeg op senger Plaz am Tenor fir is Gesangstécker mat senger Stëmm ze verschéineren.
Mat engem gudde Pättchen a Schnittercher ass is Delegatioun och vum Camille verwinnt ginn a mir konnte verschidde Spiichte vum Veräin ënnerteneen austauschen.
All Member aus dem Gesank, sief et vu Bäertref oder Konsdref, wënscht dem Camille, datt hien nach laang kann an d’Prouwe kommen, déi him ëmmer nach su vill Spaass maachen an datt seng Gesondheet nach laang sou duerhält wi bis elo.