D’ Madame Juliette Collignon-Schmit vu Bäertref feiert seng 90 Joer

De lëschte 29.Abrëll huet Collignon-Schmit Juliette oder och nach Julie genannt, vu Bäertref säin 90. Liewensjoer erreecht. De Schäfferot vun der Gemeng Bäertref huet dës Geleeënheet genotzt fir dem Juliette déi häerzlechst Gléckwënsch vun de Bierger vun der Gemeng Bäertref ze iwwerbréngen.

Gebuer 1934 zu Rouspert gouf d’Julie de 16. Abrëll 10. Februar 1956 zu Bäertref mam Raymond Collignon. Vun do un hunn sie zesummen am fréieren Hôtel Streng (haut Defive) zu Bäertref geschafft. Nodeem sie decidéiert haten hier Pensioun unzetrieden gouf den Hotel verkaaft an sie hunn zesummen an hirer Propriétéit vis-à-vis vum Hôtel gewunnt, a spéider nodeems de Raymond gestuerwen war, verbréngt d’Julie alleng an engem Appartement an der Grondhafferstross zu Bäertref säin Liewensowend. Ënnerstëtzt an der Bewältegung vun hirer deeglecher Aarbechten gëtt Julie vu hiren 2 Kanner. Hire Stolz sënn dann och déi 5 Enkelkanner a 7 Urenkelkanner.

Mir wënschen dem Julie nach weider eng gudd Gesondheet a vill Courage fir déi nächste Joeren.